Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Pressematdeelung: Procureur Général vum EuGH bestätegt: PNR-Ofkommes mat Kanada verstéisst géint EU-Grondrechtscharta

A sengem Avis vun haut huet de Procureur Général Mengozzi vum Europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg d’Positioun vun de Kritiker, an domadder der Piratepartei, vum sougenannte Passenger Name Record (PNR)-Ofkommes mat Kanada bestätegt a seet, datt et aus verschiddensten dateschutzrechtleche Grënn net dierft a Kraaft trieden. D’Piratepartei freet sech iwwer dësen Avis a fuerdert esou wuel d’EU-Kommissioun ewéi déi lëtzebuergesch Regierung op hir Haltung a Saache verdachtsonofhängegen Datesammlunge séier ze änneren.

De PNR, och Fluggastdatenspeicherung genannt, si bis zu 60 eenzel Donnéeën, déi ronderëm engem Fluch iwwer all Passagéier fir 5 Joer gespäichert ginn. Dozou gehéieren ë.a. d’Fluchroute, d’Iessenswënsch, Gepäckinformatiounen, Bezuelmethoden an awer och ee fräit Feld wou vun der Airline all méiglech Saache kënne gespäichert ginn, esou z.B. wéi eng Bicher een derbäi hat, wéi een sech um Fluchhafen/am Fliger beholl huet oder och, mat wiem een zesummen am Zëmmer war wann dëst mam Vol zesumme gebucht gouf. All dës Informatioune sollen der EU-Kommissioun an dem EU-Rot no dozou bäidroen Terroriste besser an éischter ze erkennen. De Procureur Général stéiert sech gläich un e puer Saachen däitlech, virun allem awer um ‘pauschalen’ an domadder verdachtsonofhängegen Aspekt vun der Datesammlung.

“Wéi schonn am Uerteel zur Vorratsdatespäicherung, stellt de Procureur an dësem Avis nach eng Kéier kloer, datt et an der EU net erlaabt ass einfach d’Donnéeë vu jidderengem, ob verdächteg oder net, ze sammelen.”, sou de Sven Clement vun der Piratepartei. “Mir fuerderen, datt deem endlech an der ganzer Europäescher Unioun, a besonnesch zu Lëtzebuerg, Rechnung gedroe gëtt! Huet de Justizminister Braz eis nach nom VDS-Uerteel virgeheit ‘europafeindlech’ ze sinn, muss hien sech esou lues froen, ob dat net éischter op hien, d’Regierung an hir Haltung an dëse Froen zoutrëfft!”

Et ginn nieft dësem geplangten Ofkommes mat Kanada nach anerer déi schonn a Kraaft getruede sinn, nämlech déi mat Australien, der USA an tëscht den EU-Memberlänner selwer. D’Piratepartei fuerdert, sollt d’Geriicht dem Procureur Recht ginn, datt dës Ofkommessen sou séier wéi méiglech suspendéiert ginn.

Communiqué vum EuGH: http://curia.europa.eu/jcms/upload/docs/application/pdf/2016-09/cp160089de.pdf


Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Dëst kéint Dech och interesséieren:

Vertrau kengem Walspot – informéier Dech!