Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

EU-Copyright-Reform: E Schauermärchen

Et ass einfach net dout ze kréien: dat sougenannten “Leistungschutzrecht”, wat Google a Co. beispillsweis dozou zwénge soll, fir d’Verlinken op Noriichtenartikelen ze bezuelen, taucht an engem Leak vun der proposéierter EU-Copyrightreform op. Datt dëst Konzept schonn an Däitschland a Spuenien no hanne lass gaang ass, gëtt am Dokument souguer als en vermeintlecht Argument bruecht, fir et op EU-Niveau duerch ze drécken. “Anstatt d’Leeschtungsschutzrecht als en Holzwee ze erkennen, soll de gescheiterte Modell elo op Europa-Tournee goen”, esou de Sven Wohl, Vizepresident vun der Piratepartei.

Och a punkto Copyright deet sech wéineg Guddes an deem iwwer 180 Säite laangem Dokument: bal iwwerall gëtt déi Léisung favoriséiert, déi der Lobby an de Krom passt. De Geoblocking bei Videoen bleift erhalen, woumatter de gemeinsamen EU-Marché en Dram bleift. Beim Geoblocking ginn Inhalter fir de Client gespaart, jee nodeem a wéi engem Memberstat hien sech befënnt. Eng Serie, déi zu Lëtzebuerg ze kréien ass, kann also an der Vakanz an Däitschland net gekuckt ginn, wann se do net erhältlech ass. Op der anerer Säit ass d’Muséksindustrie, déi op eng nach méi strikt Ëmsetzung vun hire Copyrightuspréch op Plattforme wéi Youtube pocht, allerdéngs vergësst, datt d’Ëmsetzung net funktionéiert an d’Notzer souwéi Start-Ups behënnert a benodeelegt. Och d’Panoramafräiheet feelt erëm: Et dierft een och an Zukunft net an all Membersstaat Fotoen vun ëffentleche Platze maachen.

Den Här Oettinger huet also erëm op daf geschallt, wat d’Besoine vun de Bierger an der EU ugeet an sech selwer zur Marionette vun der Lobby maache gelooss, wat der aktueller Anti-EU Stëmmung en Opwand gi kéint. Mat dëser ugeduerchtener Reform wärt Europa net prett sinn fir eng digital Zukunft. „Aus de Proposen erginn sech net nëmme wirtschaftlech, ma och gesellschaftlech a kulturell Problemer“, ënnersträicht den Sven Wohl, Vizepresident vun der Piratepartei.


Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Dëst kéint Dech och interesséieren:

Vertrau kengem Walspot – informéier Dech!