Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

D’europäesch Politik muss aus dem Brexit-Vote séier seng Léieren zéien

“Mir sinn net frou iwwer de britesche Vote géint d’Europäesch Unioun, et muss een awer elo domadder liewen an dat Bescht draus maachen.”, sou de Sven Clement, vun der Piratepartei an enger éischte Reaktioun op de Brexit-Vote.

D’Pirate setzen sech säit hirer Grënnung fir en Europa ouni Grenzen an, en Europa wat elo riskéiert ze zerbrieche wann net direkt a konsequent géigegesteiert gëtt. All d’Parteien, déi vum europäesche Projet iwwerzeegt sinn, an d’Piratepartei ass dat absolut, musse verstoe wat d’Stonn geschloen huet an endlech ophale mat dësem Friddensprojet ze spillen an ufänken sech eeschthaft drëms ze këmmeren. Dëse Brexit-Vote ass schliisslech och d’Resultat vu jorelaangem Schlechtmaache vun der Europäescher Unioun, anstatt de Leit ze erklären ewéi d’EU iwwerhaapt funktionéiert a Reformen ze ënnerhuelen, déi déi eigentlech Problemer léisen. “D’Europäesch Unioun muss elo séier méi demokratesch, méi verständlech a virun allem sozial ginn!”, sou de Sven Clement weider. “Fir datt mer dës Ziler hikréie brauche mer awer méi, an net ewéi d’Britten et elo virmaachen, manner respektiv guer keen Europa.”

Wat déi zukünfteg Verhandlunge mat Groussbritannie fir den Austrëtt uginn, muss d’Méiglechkeet fir Schottland an Nordirland, déi allen Zwee kloer géint de Brexit gestëmmt hunn, opgelooss ginn, fir weiderhi Member an der Europäescher Unioun ze bleiwen.

De Vote a Groussbritannien weist awer och nach eng Kéier kloer, datt ee Rietspopulisten à la Farage, Le Pen oder Wilders net doduercher kleng hält, andeems een hinnen einfach noschwätzt, vun der Aart a Weis ewéi och vum Inhalt hir. Populiste begéint een am Beschte mat kloer ausformuléierten Argumenter, Fakten a positiven Zukunftsvisiounen. Alles Saachen, déi een an ëmmer méi europäesche Länner, wéi och an der Europäescher Unioun u sech, ëmmer manner gesäit.


Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Dëst kéint Dech och interesséieren:

Vertrau kengem Walspot – informéier Dech!