Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Mam Staatstrojaner a Richtung Iwwerwaachungsstaat!

Nodeems de Staatsrot hir Bedenken un der Onlineiwwerwaachung vun verdächtege Bierger a Form vun engem sougenannten Staatstrojaner duerch de SREL geäussert huet, huet haut um Donneschdeg d’Chamber mat enger grousser Majoritéit d’Reform vum lëtzebuergesche Geheimdéngscht ugeholl.

D’Piratepartei weist sech déif bestierzt iwwert de Choix vun de lëtzebuergeschen Volleksvertrieder, fir mat Texter, déi zu engem groussen Deel duerch Terrorattacken an eise Nopeschlänner séier iwwert de Knéi gebrach goufen, dem SREL nei Outilen ze ginn, déi plazeweis absolut keng onofhängeg Kontroll virgesinn. Do dernieft ass néierens konkret definéiert, wat dës Outilen fir Méiglechkeeten erlabe sollen.

“Den Text iwwert Geheimdéngschtreform ass a senger Quintessenz näischt aneres wéi e Placebo, deen d’Bevëlkerung berouege soll”, seet den Sven CLEMENT, Präsident vun der Piratepartei Lëtzebuerg. “Besonnesch bedenklech ass et, de SREL elo mat esou vill Muecht auszestatten, an dat nodeems dës Regierung et sech op de Fändel geschriwwen hat, fir dat staark ugeschloent Vertrauen an dësen Déngscht nees opzebauen an d’Land aus der rechtsstaatlecher Kris ze féieren.”

D’Piratepartei stellt fest, datt no den Neiwalen déi nei Verantwortlech tatsächlech einfach nees zur Dagesuerdnung iwwergaange sinn. “Grad vun enger Blo-Rout-Grénger-Regierung, wou virun allem déi Gréng sech als Verdeedeger vu Privatsphär a Grondrechter duergestallt hunn, ass een iwwert dëse Virstouss béiss enttäuscht. Outilen wéi Staatstrojaner, mat deem een zum Beispill d’Webcam op engem Laptop aktivéieren, Gespréicher op Skype matschneiden an digital Beweiser fälsche kann, sinn e weidere Schratt a Richtung Iwwerwaachungsstaat!”, seet de Sven CLEMENT.

Generell sollt ee vill méi déi national Geheimdéngschter a Fro stellen, am Plaz  dës mat zousätzleche Pouvoiren auszestatten. “Och wann Europa am Ament eng intern Solidaritéitskris huet, sou brauche mir keng feindlech Attacken vun eisen Noperen ze fäerten”, seet den Andy MAAR, Generalsekretär vun der Piratepartei. “Mir sollten onbedéngt ufänken, europäesch Aufgaben do zesummenzeleeën wou se Sënn maachen.”


Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Dëst kéint Dech och interesséieren:

Vertrau kengem Walspot – informéier Dech!