Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

JOB OFFER: D’Piratepartei Lëtzebuerg sicht en Junior Administrative Assistant (m/f)

D’Piratepartei Lëtzebuerg sicht en
Junior Administrative Assistant (m/f)

Als mi-temps (20h/w) Contrat à durée déterminée (CDD) bis Oktober 2017.

Als Absolvent vum Secondaire (technique) deen no enger éischter Beruffserfahrung sicht an deen déi gängeg Office-Programmer kennt a benotze kann bass du d’Persoun déi mir sichen.

Deng Aufgabe wieren :

  • De Präsidium a senger Aufgab z’ënnerstëtzen
    • Réunioune plangen, protokolléieren, nobereeden
    • Agenda verwalten
    • Appeler unhuelen a gegebenenfalls weiderleeden
  • Dokumenter erstellen a verwalten
  • Traitement vun Agendaen an erausgoende Courrier
  • Ëffentlech Aktiounen begleeden
  • Encodage vun der Compatibilitéit

Wat mir erwarden :

  • Interessi un der politescher Aktuallitéit an Identifikatioun mat den Iddien an Ziler vun der Piratepartei
  • De Wonsch en Ënnerscheed ze maachen
  • Exzellenten Teamgeescht
  • Eegestännegkeet, Pünktlechkeet a Präzisioun
  • D’Beherrsche vun den dräi offizielle Sproochen (Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch) souwéi Englesch

D’Arbechtsplatz ass zu Koplescht mat gratis Parkplatz. E Busarrêt fir den ëffentlechen Transport ass 50 m ewech.

W.e.g. bewerb dech mat engem anonymen (ouni Joreszuelen, Numm, Geschlecht oder Foto) CV a Motivatiounsschreiwes ënnert ahoi@piratepartei.lu


Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>

Dëst kéint Dech och interesséieren:

Vertrau kengem Walspot – informéier Dech!