Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Piratepartei kloer fir e bedingungslost Grondakommes

2016 gëtt en interessant Joer fir d’Iddi vum Grondakommes: A verschiddenen europäesche Länner gi Pilotprojete gestart (Holland a Finnland), a Referenden ofgehal (Schwäiz). Säit hiren Ufäng setzt d’Piratepartei Lëtzebuerg sech fir d’bedingungslost Grondakommes als e Mëttel fir sozial Gerechtegkeet ze schafen an. “An de leschte Joerzéngten hu mer e steetegen Ustig u Produktivitéit gesinn dee sech a kengster Weis fir déi Leit gelount huet déi en erméiglecht hunn“, sou de René Schmit, Präsidiumsmember vun der Piratepartei. “Grad de Contraire konnt ee gesinn: D’Schéier zwëschen Aarm a Räich ass ëmmer méi ausernee geklafft. Dofir proposéiert d’Piratepartei den Usaz vun enger negativer Steier déi niddreg Akommen entlaascht, an héicher méi progressiv belaascht.

Zousätzlech kann d’bedingungslost Grondakommes dofir suergen den Entrepreneursgeescht ze entfesselen. “Fir jonk Absolventen ass de finanzielle Risk eng Entreprise ze starten ze grouss, grad zu Lëtzebuerg mat sengen héiche Liewenskäschten. Déi Risiken erméiglechen et hautdesdaags nëmme Leit mat Besëtz, oder enger substanzieller finanzieller Ënnerstetzung aus hirer Famill, ee Betrib op d’Been ze stellen” sou weider de René Schmit. “Dobäi si grad d’Kreatioun vu Firme souwéi d’Ëmsetze vun Innovatiounen déi Wuesstemsdreiwer déi d’finanziell Sécherheet vu Lëtzebuerg op laang Siicht droe kënnen.


Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>

Dëst kéint Dech och interesséieren:

Vertrau kengem Walspot – informéier Dech!