Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

D’Piratepartei kuckt an d’Zukunft

Um Landeskongress vum 10. Oktober 2015 zu Péiteng hunn d’Piraten net nëmmen hire President, de Sven Clement a senger Positioun bestätegt, mee och déi aner wichteg Positiounen innerhalb vun der Partei nei gewielt. De Sven Wohl iwwerhëlt an Zukunft d’Positioun vum Vize-President, während am Präsidium elo de Carlo di Giambattista, Philippe Backes a René Schmit setzen. Dozou gesellen sech natierlech de Generalsekretär, den Andy Maar, an den Tresorier, de Ben Allard.

A senger Ufanksried huet de Parteipresident Sven Clement ënnerstrach, wei wichteg déi aktuell Protestbewegungen a punkto TTIP sinn, a wei grouss d’Oppositioun zu dësem Handelsofkommes ass. Hie kritiséiert dobäi, datt eis Regierung näischt mécht, fir sech géint dëse Vertrag, dee weder transparent nach fair ass, ze stäipen. Allerdéngs beschränken sech de Sven Clement an d’Piraten net dorobber, einfach nëmmen op déi aner ze klappen. Tatsächlech wäerten nei Propositiounen demnächst konkret op den Dësch geluecht ginn:

  1. Bis November gëtt vun der Partei eng Steierreform proposéiert, déi kleng a mëttel Paien entlaascht. Paien iwwer 100.000€ am Joer solle progressiv méi belaascht ginn.
  2. D’Piratepartei setzt sech aktiv fir eng besser Integratioun vun auslännesche Matbierger iwwert de Wee vum Lëtzebuergeschen an. „All Flüchtling an all anere Migrant muss eng reell Chance hu fir eis Nationalsprooch ze léieren“, sou de Sven Clement.
  3. Fir de Bierger en dignifiéiert Liewe garantéieren ze kenne mussen niewent der Steierreform och Reduktiounen an de Liewenskäschte kommen.
  4. Fir Ufank 2016 wëllen d’Piraten eng Plattform lancéieren, wou een, ouni seng Matricule missen unzeginn oder sech ze identifizéiere missen, seng Meenung zu verschiddenen Theme ka ginn an Alternative proposéiere kann.
  5. Des Weidere wäerten d’Piraten och weiderhi jidder Interesséierten et erméiglechen, aktiv ze ginn. Eenzeg Konditioun: d’Identifikatioun mat sozial-liberale Wäerter.

Och den op en neits zeréckgewieltene Generalsekretär, den Andy Maar, huet a senger Ried Positioun zum TTIP bezunn. Hien kritiséiert ënnert anerem déi akut Geheimhalung vum Text: “D’Kommissioun huet mëttlerweil d’Dokumenter aus der 10ter Verhandungsronn nach vill méi streng ageschränkt: d’Texter kënnen elo just nach an engem Lieseraum zu Bréissel vun den EU-Deputéierten agesi ginn, déi national Parlamenter solle keng Kopie méi kréien. Aus Sécherheetsgrënn!” A weider: “D’Deputéiert vun den nationale Parlamenter hu guer keng Méiglechkeet méi, de Stand gewuer ze ginn. Wat ass dorunner transparent?! Wéi soll hei d’Ëffentlechkeet esou konstruktiv matdiskutéiere kënnen?” Och un der Lëtzebuerger Regierung, allen virun de Vertrieder vun déi gréng , léisst en an deem Kontext kee gutt Hoer: “Während d’Parteiprominenz vun déi Gréng bei der “Stop TTIP”-Manif haut um Mueren an der éischter Rei enthusiastesch géint den TTIP geklappt hunn, gesäit ee bei hirer Regierungsbedeelegung näischt dovunner. Nodeems se bei der Vorratsdatespäicherung op Erauszögere spillen a bei der Verlängerung vum VISUPOL-Projet kee Mux vu sech ginn hunn, missten se grad elo fir eng ëffentlech Oflehnung vun der Regierung astoen…. oder hir Regierungsbedeelegung zu Gonschte vun hire Prinzipien opginn!” Den Andy Maar hält fest, datt Demokratie keng Handelswuer ka sinn an datt elo den Zäitpunkt komm ass, fir ze handelen!


Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>

Dëst kéint Dech och interesséieren:

Vertrau kengem Walspot – informéier Dech!