Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Piratepartei begréisst EuGH-Uerteel zu “Safe Harbour”

De Sven Clement, President vun der Piratepartei, hëlt Stellung zum Uerteel vum Europäesche Geriichtshaf zu Safe Harbour: “Mir begréissen ausdrécklech dës Decisioun vum EuGH. Spéitsdens säit den éischten NSA-Revelatiounen am Summer 2013 war kloer, datt d’perséinlech Donnéeën vun europäesche Biergerinnen a Bierger an den USA net no de selweschte Mindeststandarde wéi an der EU behandelt ginn. Safe Harbour muss dowéinst, wéi vum Europäesche Parlament schonn Ufanks 2014 gefuerdert, gestoppt ginn.

Dozou wéi et an Zukunft viru goe soll, seet de Sven Clement folgendes: “Kuerzfristeg brauch d’Europäesch Unioun Dateschutzreegelen déi och amerikanesch Entreprisen anhale mussen, wann se hire Service an Europa ubidde wëllen. Well den Internet awer keng Grenze kennt, an net nëmmen d’Europäer ee Recht op ee gudden Dateschutz an eng geschützte Privatsphär hunn, gëlt et mëttel- bis laangfristeg een internationaalt Dateschutzofkommes unzestriewen.


Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>

Dëst kéint Dech och interesséieren:

Vertrau kengem Walspot – informéier Dech!