Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Rentréespressekonferenz 2015

Leschte Mëttwoch hu mir d’politescht Joer 2015/16 mat eiser Rentréespressekonferenz agelaut. Theme waren ënner anerem déi aktuell Flüchtlingsproblematik ewéi och dat vu Blo-Rout-Gréng geplangtend Informatiounsfräiheetsgesetz.

1. Ausbléck op d’politescht Joer 2015/16

Ugefaang hu mer d’Pressekonferenz allerdéngs mat engem klengen Ausbléck op d’nächst Joer. De gréissten Débat doranner wäert et ëm d’Steierreform ginn. Mir wäerten an där Diskussioun eng eege Propositioun, baséierend op eisem Walprogramm 2013, fir Oktober/November presentéieren.
D’Joer 2015/16 steet fir d’Piraten awer och scho kloer ënnert dem Stär vun de Gemengewalen 2017. Mir sinn am gaangen eis kommunal besser opzestelle sou datt mer an 2 Joer a sou vill Gemenge wéi méiglech Lëschte opstelle kënnen an och gewielt ginn.
Dëst ganzt Kalennerjoer huet Lëtzebuerg och nach d’EU-Rotsprésidence, déi awer elo, no der Vakanz, réicht sou richteg a Faart kënnt. Vermësse maache mer eng kloer Visioun ewéi Europa an Zukunft soll ausgesinn a fonktionnéieren. Hei hätt ee kloer Akzenter a Richtung vun enger méi demokratescher, transparenter a sozialer Unioun setze kënnen.

2. Flüchtlingsproblematik

A Saache Flüchtlingskris, déi ëmmer méi zu enger Europakris gëtt, hu mer 4 Punkte betoune wollten. Fir d’alleréischt mol all deene Leit Merci! soen, déi als Benevole am Land an Europa ënnerwee sinn fir de Flüchtlingen ze hëllefen. Déi Aarbecht ass nämlech alles, mä net selbstverständlech.
Zweet Uleies war et eis kloer drop hinzeweisen, datt grad déi Benevolen, respektiv déi di gären hëllefe géingen, mat den Informatiounen ze dengen, wéi a wou een dat maache kann. Ab deem Moment wou d’Flüchtlingen an déi provisoresch Ariichtunge kommen muss dësen Informatiounsfloss fonktionéieren, wann een op d’Hëllef vu Benevolen zréckgräife kënne wëll. Hei sinn déi zoustänneg Gemengen an de Staat gläichermoosse gefuerdert.
Mir wollten op der Pressekonferenz och betounen, datt d’Regierung hei am Land an dësem Punkt zimlech gutt a séier reagéiert huet an dat ëmmer nach mécht. Mir dierfen an der Flüchtlingsfro awer net just op Haut kucken, mä virun allem op Muer. An deem Sënn geet et also net just duer fir lauter provisoresch Flüchtlingsariichtungen opzebauen, mä et brauch ee méi där Permanenter.
Zu gudder Lescht hu mer an Europa gekuckt an déi aktuell Klengstaatlechkeet an dëser Problematik kritiséiert. Dës Flüchtlingskris weist eis op en Neits, datt mer net manner, mä vill méi Europa brauchen, wann mer eis gemeinsam Problemer wëlle léisen.

3. Informatiounsfräiheetsgesetz

Ee vun de gréissere Versprieche vun der Regierung war et d’Administratiounen an d’Regierungsaarbecht insgesamt méi transparent ze maachen. Dowéinst sollt Lëtzebuerg endlech een Informatiounsfräiheetsgesetz kréien, wat den Numm och tatsächlech verdéngt huet. Wat d’Regierung eis awer hei proposéiert ass de genaue Géigendeel.

Haaptproblem sinn d’Restriktiounen

  • Dokumenter déi scho virum Akraafttrieden vum Gesetz erstallt goufen dierfen zu Lëtzebuerg net verëffentlecht oder diffuséiert ginn.
  • Dokumenter mat “perséinlechen Donéeën” solle guer net verëffentlecht oder diffuséiert ginn, et sief dann et wier “ouni charge administrative excessive” hinzekréien, déi Donnéeën onkenntlech ze maachen. Zu Hamburg beispillsweis ginn et do dergéint keng Excusen, d’Dokumenter mussen ëmmer onkenntlech gema ginn.
  • D’Urheberrecht vun Drëtte verhënnert d’Verëffentlechung vu verschiddenen Dokumenter ewéi Verträg mat Firmen.

Dat sinn just e puer Beispiller déi weisen, datt d’Gesetz wat eigentlech fir Transparenz suerge soll, dat Ziel net erreeche wäert. Symptomatesch fir de ganze Gesetzestext ass dann och den Artikel „Le silence gardé par l’administration pendant les délais prévus (…) vaut décision implicite de rejet.“ Dobäi misst eiser Meenung no genau de Géigendeel de Fall sinn.

D’Gesetzespropose muss also nach kloer iwwerschafft ginn bevir et an der Chamber votéiert gëtt.


Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>

Dëst kéint Dech och interesséieren:

Vertrau kengem Walspot – informéier Dech!