Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Ëffentlechen Transport op d’Uni.lu op Belval – Norde gëtt vergiess

Doduercher datt d’Uni.lu vun dësem Semester un op Esch-Belval seng Dieren opmécht, ass och den Ëffentlechen Transport deelweis ëmgeännert ginn. D’lescht Woch koum d’Nouvelle, datt ab der Rentrée och Busser vun Tréier, Perl, Elange an Arel aus op den neien Universitéitscampus fuere wäerten. Domadder ginn et elo Direktverbindungen op Belval aus eisen dräi Nopeschlänner, esouwéi aus dem Süden, Zentrum an Oste vun eisem Land aus. D’Pirate kritiséieren dorunner, datt un d’Studenten a Studentinnen aus dem Norde vu Lëtzebuerg net geduecht gouf.

Mir fuerderen, datt an Zukunft och Studenten a Studentinnen aus dem Norden op d’mannst eng Direktverbindung pro Stonn op Belval an nees zeréck hunn.“, esou de Philippe Backes, President vum Bezierk Norde vun de Piraten. Ab dësem Semester wäerte vill StudentInnen all Dag iwwer 3 Stonne mam Ëffentlechen Transport ënnerwee si fir op d’Universitéit – wann dann alles no Fahrplang klappt. “Wien méi oft mam Zuch aus dem Norden an d’Stad fiert weess, datt den Zuch quasi ni mat Zäiten an der Stad um Quai ass. A bei 5 Minutten Ëmklammzäit gi schonn 3 Minutte Retard duer fir den Zuch op Belval ze verpassen. Fir op Nummer sécher ze goen hëlt een also en Zuch éischter, an da gi ganz séier aus gutt 3 Stonnen Trajet den Dag der 4 a méi.

Geschwënn soll och um Arrêt Kirchberg-Pfaffenthal geschafft ginn, wat weider Perturbatiounen am Zuchverkéier aus dem Norde mat sech brénge wäert. Ëmsou méi dringend brauchen d’StudentInnen eng garantéiert Direktverbindung aus dem Norden op Belval. “Mir sinn eis bewosst, datt een et net jiddwerengem komplett Recht ka maachen. Eng Direktverbindung aus dem Norden op Belval géing awer scho ganz ville concernéierte Studenten a Studentinne vill Zäit a virun allem Nerve spueren“, sou de Philippe Backes ofschléissend.


Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>

Dëst kéint Dech och interesséieren:

Vertrau kengem Walspot – informéier Dech!