Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Pressekonferenz: Réckbléck op de Referendum

An eiser Pressekonferenz leschte Freiden hu mer eis Conclusiounen aus dem dräifache Referendum vum 7. Juni presentéiert. Dobäi hu mer eise Fokus op de Moyen „Referendum“ als solches, wéi och op d’Froen zum Walrecht ab 16 an zur Limitatioun vun de Ministermandater geluecht.

Referendum als „Volksbegehren“

Ee vun de Problemer an der Referendumscampagne war, datt esou wierklech just iwwer 1 Fro diskutéiert gouf, nämlech déi vum Awunnerwalrecht. Dat loung dorunner, datt di aner 2 Froen e bëssen aus dem Näischt komm sinn, an dowéinst och kee grousst Interessi an der Bevëlkerung do war fir driwwer ze diskutéieren.
Fir dat an Zukunft ze verhënnere muss et méiglech sinn datt Bierger duerch hir eegen Initiativ Referende starte kënnen. Esou eng „initiative populaire“ steet schonn an der aktueller Chamberpropose fir déi nei Verfassung, mir wëllen Iech gären eis Virstellung vun där Initiativ virstellen.

1. Schratt: Petitioun (4.500 Ënnerschrëften)
2. Schratt: Bürgerbegehren (16.000 Ënnerschrëften, ~3% vun der Bevëlkerung)
3. Schratt: Bindende Referendum

Tëscht all Schratt kann d’Chamber de Prozess stoppen andeems se sech der Initiativ uschléisst a selwer aktiv gëtt.

Campagne als „statut juridique“

Ee weidere Problem während der Campagne war, datt déi verschidde Positiounen net op all Diskussiounsowend invitéiert waren, respektiv just Chamberparteien um Podium sutzen an doduercher eng Positioun méi Vertrieder hat wéi di aner.
Dëst soll an Zukunft verhënnert ginn andeems fir all Positioun bei all Referendum eng Iwwerorganisatioun als „groupement d’intérêt politique“ gegrënnt soll ginn, wou sech déi verschidde Parteien/ONGen a Privatleit kënnen afannen. Doduercher soll séchergestallt ginn, datt ëmmer gläich vill Vertrieder vun den zwou Positiounen op Debaten invitéiert sinn. Doriwwer eraus solle fir dës Groupementer ähnlech finanziell Transparenzcritère gëllen ewéi fir d’Parteien.

Walrecht ab 16

Mir fannen et bedauerlech, datt d’Bevëlkerung zu esou groussen Deeler kee Vertrauen an déi Jugendlech huet. D’Jugend ass d’Zukunft vun dësem Land, dofir fanne mir et ëmmer nach wichteg, souwuel fir déi Jugendlech selwer, wéi fir dat ganzt Land datt si sou fréi wéi méiglech an déi politesch Meenungsbildung integréiert ginn an hir Meenung och duerch d’Wielen ausdrécke kënnen. Nëmme wa mir hinnen d’Vertraue schenken, kënne si eis et zréckginn. Mir wäerten dowéinst och weider fir d’Walrecht ab 16 Werbung maachen an esou d’Leit vun dëser Iddi ze iwwerzeegen.

D’Chamber an d’Regierung mussen elo endlech Neel mat Käpp maachen an dee scho säit Joren existéierende Konsens, nämlech datt mer méi an och méi fréi politesch Bildung an d’Schoule brénge mussen:

  • Méi Zäit fir Civiquescoursen, eege Proffe fir dëst Fach
  • Méi Plaz fir Aktualitéitsthemen an der Schoul araumen, déi dann fächeriwwergräifend behandelt ginn

Do dernieft mussen déi Jugendlech awer och un d’Demokratie selwer erubruecht ginn. U18-Wale kéinten, wéi an Däitschland och, an de Lycéeën organiséiert ginn, wou an de Woche virun dësem Vote sech intensiv mat politeschen Themen an de Parteien ausernaner gesat gëtt. Organiséiert soll dëse Vote vum Jugendparlament ginn, ënnerstëtzt duerch Lycéeën, Jugendhaiser, Jugendverbänn, etc.
Duerch dësen Exercice sinn déi Jugendlech besser op hir éischt richteg Wal virbereed a fillen sech doduercher och manner hëlleflos am Virfeld. Och kritt een déi nei Generatiounen doduercher besser fir d’Politik am Allgemengen interesséiert.
Doriwwer eraus mussen d’Schüler besser a reegelméisseg iwwer hir Schülercomitéeën an d’CNEL informéiert ginn, sou wéi datt dës Repräsentatioune méi Gewiicht kréie mussen.

Och méi spéit, op der Uni, brauche mer eng reegelméisseg gewielte Studenterepräsentatioun mat klore Matsproocherechter bei wichtegen Themen. Dëst soll nom däitsche Modell vum Studéierendeparlament, wou all Joer Wale stattfannen, ëmgesat ginn.

Limitatioun vun de Ministermandater

Am Géigesaz zu den anere Froen si mer hei frou iwwert den Nee. Dëse Vote gëtt eis nämlech d’Chance grondsätzlech iwwert eise Walsystem ze diskutéieren. Dës Fro war nämlech als Kritik um Walsystem ze verstoen. D’Limitatioun vun de Ministermandater wier vun dohier och just eng Symptombekämpfung gewiescht.

D’Diskussiounen iwwer de Walsystem si scho méi laang um Brodelen an och d’Chamber war sech viru kuerzem eenz, datt een sech heiriwwer mol nees eng Kéier Gedanke misst maachen.

Mir fuerderen, datt dës Diskussiounen, net wéi bei der aktueller Verfassungsrevisioun, just hannert den Diere vun der Institutiounekommissioun an der Chamber lafen, mä datt vun Ufank un d’Leit an dës Reform mat agebonne ginn. Biergerforen, eng kloer a gutt strukturéierten Informatiounskampagn, Diskussiounsversammlungen op Anhéicht, etc. mussen heifir organiséiert ginn an um Schluss vun dësem Prozess sollt idealerweis dann och ee Referendum stoe wou d’Bevëlkerung iwwer verschidde Méiglechkeeten ofstëmme kann. De reforméierte Walsystem soll dann 2023 fir déi éischte Kéier ugewannt ginn.


Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>

Dëst kéint Dech och interesséieren:

Vertrau kengem Walspot – informéier Dech!