Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Éischte Landeskongress vum Joer: #LK151 de 4. Abrëll zu Wëlwerwolz

Mir invitéieren ganz häerzlech op eise programmatesche Landeskongress #151, deen dëst Kéier Samsdes, de 4. Abrëll 2015 am Centre Communal zu Wëlwerwolz an der Gemeng Kiischpelt stattfanne wäert.
All d’Informatiounen iwwert de geneeë Programm, den agereechten Untreeg, de Virtreeg a Workshops souwéi dem Hin- a Réckwee mam Auto a mam ëffentlechen Transport fënns de an eisem Wiki: http://1337.lu/LK151

Wanns de Mëttes mat iesse wëlls, kanns de dech bis den 30. Mäerz hei umellen: http://1337.lu/LK151iessen
Well d’Piraten eng Matmaach-Partei sinn, bass och du gefrot! Hues du eng Iddi, déi an eise Parteiprogramm oder an eis Satzung soll kommen? Absolut kee Problem! Op der uewe genannter Säit fënns de eng Uleedung, wéi’s de deng Iddien um Kongress zur Ofstëmmung brénge kanns. Trau dech! :-)
Hei d’Dagesuerdnung, sou wéi se op der Parteileedung vum 2. Mäerz ugeholl gouf:
Ab 10:30        Akkreditéierung
11:00              Begréissung duerch den Bezierkspräsident Flëp Backes
11:15               Virtrag: „Gemengewalen“
11:15               Workshop „Linux“
12:00              Mëttesiessen
13:30               Ried vum Parteipräsident Sven Clement
13:45               Wal vun de Versammlungsämter
14:00              Ofstëmmung: Satzungsännerungsuntreeg
15:00              Ofstëmmung: Programmännerungsuntreeg
16:00              Ofstëmmung: Sonsteg Untreeg
17:00               Diskussioun „Referendum“
18:00              Oppen Diskussioun
19:00              Grillen
Selbstverständlech ass jiddwer Member, Interesséierte a Frënd häerzlech invitéiert.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>

Dëst kéint Dech och interesséieren:

Vertrau kengem Walspot – informéier Dech!