Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Referendumsaccord bewosst net ënnerschriwwen – Referendum endlech eescht huelen!

D’Piratepartei huet och wéi bei de leschten zwou Walcampagnen een hannert zouenen Dieren ausgehandelten Accord wéi Walkampf gemaach soll gi refuséiert. “All Partei soll kënnen no hire Moyen’en mat de Bierger a Kontakt triede kënnen a Walkampf soll net am Virfeld vu Parteipolitiker ageschränkt ginn” sou de Sven Clement, President vun der Piratepartei, “De Referendum ass ze wichteg fir eist Land fir sech un kënschtlech Aschränkungen ze halen. Alleng datt dësen Accord nach méi restriktiv wéi déi läscht zwee ass, weist, datt d’Signatairë keen Interessi hu matt de Bierger ze diskutéieren, mä de Referendum als lästeg Pflicht ugesinn.”

D’Piratepartei wäert eng respektvoll an ökonomesch Campagne duerchféieren, sou wéi se et bei de läschte Walen och gemaach huet. Mir wäerten e Budget vun 10.000 bis 15.000 Euro asetzen an domadder däitlech ënnert dem Seuil vun 100.000 Euro bleiwen. Mir wëllen eis awer keng Restriktiounen zu de Moyen’en operleeë loosse wéi mir matt de Bierger a Kontakt trieden dierfen.

“Am Réckbléck op den Accord zu den Europawale fanne mir et bedenklech, datt de Minister Bausch, all de Parteien d’Restriktiounen aus dem Hannerzëmmer-Accord vun de Chambersparteien operluecht huet, och deenen déi dëse bewosst net ënnerschriwwen hunn.” sou de Sven Clement weider, “Ech hoffen datt sech dëst, dës Kéier net widderhëlt an all Associatioun a Partei erlaabt kritt fir eng Referendumscampagne duerchzeféieren, déi der Wichtegkeet vum Referendum entsprécht!”


Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>

Dëst kéint Dech och interesséieren:

Vertrau kengem Walspot – informéier Dech!