Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

No den neien NSA-GCHQ-Enthëllungen: Wéi sécher sinn d’Chipkaarten zu Lëtzebuerg?

No de rezente Verëffentlechunge vun der Website “The Intercept”, an deene vun engem massiven Ofgrëff vun Donnéeën duerch d’amerikanesch a britesch Sécherheetsdéngschter NSA an GCHQ bei SIM-Kaarte vum Hiersteller Gemalto Riets geet, freet sech d’Piratepartei Lëtzebuerg, op och SIM-Kaarte vu lëtzebuergesche Provideren an aner Chipkaarten zu Lëtzebuerg dovunner betraff sinn.

Konkret sollen dës Geheimdéngschter un d’Verschlëssungscode vun der europäescher Firma komm sinn, déi et dësen Déngschter elo erméiglechen, jeeweils komplett Gespréicher an den Datestroum vun de betraffenen Handyen ofzegräifen. Niewent de SIM-Kaarten, stellt Gemalto ausserdeem nach Chips fir aner Kaarten ewéi Bankomats- a VISA-Kaarten, elektronesche Päss an Identitéitskaarten hir.
De lëtzebuergesche Staat schafft zënter der Aféierung vun der elektronescher Ënnerschrëft och mat der Firma Gemalto zesummen.

D’Piratepartei Lëtzebuerg freet dofir déi responsabel Ministere Xavier Bettel an Etienne Schneider, op si

  • Kenntnis vun dësem Virfall hunn,
  • op a wéi eng Kaarten zu Lëtzebuerg dovunner betraff wieren,
  • a wa jo, wéi eng Schrëtt d’Regierung ënnerhuele wëll, fir esou séier wéi méiglech de Bierger de Schutz vun hiren Donnéeën nees ze garantéieren.

“D’Regierung muss an esou engem Fall esou séier wéi méiglech der Ëffentlechkeet matdeelen, wéi eng Chip-Kaarten dovunner betraff sinn.” sou den Andy Maar vun der Piratepartei. Och wann eis Regierung näischt mat dësem Virfall ze dinn huet, weist dës Publikatioun openeits, datt mir scho laang gliese Bierger sinn! “Eisen eegene Staat späichert nach ëmmer fir 6 Méint verdachtsonofhängeg eis Meta-Daten (Kommunikatiouns- an Beweegungsinformatiounen) a friem Staaten wëllen doriwwer eraus och den Inhalt vun eiser Kommunikatioun an aner Elementer vun eisem Privatliewe späicheren. Dat muss endlech ophalen!”.

Nodeems elo nees bewise gouf, datt auslännesch Geheimdéngschter sou gutt wéi all Form vun ofgeséchertem elektronesche Verkéier souwéi Identifiéierungsprotokoller interceptéieren resp. kopéiere kënnen, bleift d’Fro, wéi eis Regierung op hirem Wee zu ëmmer méi elektronesche Moyenen (LuxTrust, e-government, elektronesche Pass an Identitéitskaarten etc.) wëll virgoen, fir d’Vertrauenswierdegkeet an dës Mëttelen nach glafwierdeg ze vertrieden.

“Et geet hei net ëm eventuell oder esoteresch Geforen. Eis Kommunikatiouns- an Identifizéierungssystemer, déi vun offizieller Säit aus bis elo wäitestgoend als sécher agestuft goufen, sinn no dëse Révélatiounen definitiv als komprimitéiert anzestufen. D’Fiktioun an d’Fantasie vu ville Verschwörungstheoretiker ginn ëmmer méi vun der Realtiéit ageholl!” sou den Andy Maar ofschléissend. D’Piratepartei freet d’Regierung, wéi eng Konsequenzen se aus dësem an de viregte Spionageskandaler vu frieme Geheimdéngschter zéie wëll an op et net endlech un der Zäit wier, fir op deem Gebitt zesumme mat den aneren EU-Memberstate mat eise Frënn a Partner eng méi kloer Sprooch ze schwätzen. Frënn spionéiere sech net géigesäiteg aus!


Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>

Dëst kéint Dech och interesséieren:

Vertrau kengem Walspot – informéier Dech!