Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Prozess #Medicoleak: d’Pirate stäerken dem Sven Clement de Réck

Nom Prozess zum Thema #Medicoleak vun haut de Moien, deelt d’Piratepartei mat, datt mir weiderhin hannert dem Sven Clement stinn.

“Och wann d’Piratepartei selwer net an d’Affär involvéiert ass, sou wëlle mir dem Sven an dëser Saach de Réck stäipen.” sou den Andy Maar, Generalsekretär vun der Piratepartei Lëtzebuerg.
D’Piratepartei bedauert och, datt an der ëffentlecher Wahrnehmung den eigentleche Sachverhalt verkannt oder falsch duergestallt gëtt.

“De Prozess haut de Moien hat d’Zil, déi Persoun ze bestrofen, déi op e wierklech grave Mëssstand higewisen huet.”, erkläert den Andy Maar. “Et muss ee bedenken, datt hei eng Datebank bedriwwe gouf, déi vu jiddwer Computer aus erreechbar a mat engem simple Benotzer-Passwuert geséchert war, deen zu allem Iwwel och nach fir all Besicher vun der betraffener Dokteschpraxis visibel war.”
An der genannter Datebank waren d’medizinesch Donnéeë vun ëm déi 49.000 Sportler registréiert. “Alleng schonn d’Mass un Datesätz vun esou ville Leit misst e responsabelen Ëmgang mat Passwierder säitens de Benotzer, also an dësem Fall dem Personal an der Dokteschpraxis, souwéi eng wierklech efficace Sécherung vum System duerch de Bedreiwer viraussetzen. Et kann een hei vun engem grob fahrlässegen Ëmgang mat Patientendonnéeë schwätzen. Mir froen eis, op de responsabele Ministère souwéi déi betraffen Dokteschpraxis, wéi de Moien och vum Procureur ugedeit, duerch d’Ënnerloosse vu jeglecher seriéiser Sécherheetsmoossnam net och strofbar ginn ass.”

Eisen Informatiounen no, an dat konnt de Expert vum CIRCL de Moien an der Sëtzung bestätegen, ass zu kengem Ament d’Informatioun vun enger friemer Persoun gekuckt, geklaut oder geleakt ginn.
“Ee vun deenen zwee Uklopunkten, deen leider och ouni weidert Hannerfroen esou an de Medien duergestallt gouf, ass den Déifstahl vum Passwuert. Mir kënnen eis hei nëmmen iwwert déi dach ganz breet Interpretatioun vum Wuert Déifstahl wonneren, beschreift et dach d’Ewechhuele vun engem Géigestand, deen enger friemer Persoun gehéiert. Eiser Opfaassung no fällt d’Fotograféiere vun engem Post-It definitiv net an dës Kategorie. Dëse Prozess weist, datt déi deemoleg Regierung net verstanen huet, wéi ee mat perséinlechen Donnéeë responsabel ëmgeet a bestrooft léiwer deen, deen e Mëssstand opdeckt am plaz hir eege Gläichgëltegkeet um Gebitt vum Dateschutz anzeraumen.” seet den Andy Maar ofschléissend.


Ein Kommentar zu Prozess #Medicoleak: d’Pirate stäerken dem Sven Clement de Réck

  1. Pingback: Pirate Party President Sven Clement on Trial | PirateTimes

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>

Dëst kéint Dech och interesséieren:

Vertrau kengem Walspot – informéier Dech!