Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Oppene Bréif un den Nohaltegkeetsminister François Bausch

wuelwëssend, datt et de Begrëff vun der ausserparlamentarescher Ufro un e Regierungsmember net gëtt (d’Piraten dëst awer an hirem Walprogramm fuerderen), wëll ech mech mat dësem oppene Bréif als Generalsekretär vun der Piratepartei Lëtzebuerg un Iech adresséieren.

Virgëschter krute mir vun Äerem Ministère d’Permission de Voirie, mat dëser mir ab dem 25. Mäerz Walkampfpublicitéiten laanscht d’Stroossen opstellen dierfen. Mir soen Iech Merci, datt mir dëst elo net nëmme virum Datum maachen dierfen, deen am Walkampfaccord ausgehandelt gouf, mee och virun deem Datum, dee mir bei Iech ugefrot hunn.

Mir sinn allerdéngs iwwerrascht, datt Dir eis resp. de Parteien am Allgemengen verbueden hutt, Panneauen op Luuchtepottoen resp. aner Objeten laanscht d’Stroossen opzehänken, wou et virun engem hallwe Joer fir d’Chamberwalkampagn nach erlaabt war.

Déi besoten Hohlkammerplakater stelle keng Behënnerung vun der Siicht fir Verkéiersteilnehmer duer a ginn no der Walkampfphase vun de Parteien nees agesammelt, sou datt keng Verschmotzung vun ëffentleche Flächen entsteet. D’Material selwer ass recyclebar, soufern se net vun de Parteien fir Archiv- an aner Zwecker versuergt ginn. Äer zwee Koalitiounspartner hunn dës Mëttelen während dem leschte Walkampf selwer och massiv agesat.

Dir wësst sécherlech, datt dëst grad fir kleng Parteien, déi sech exklusiv aus private Spenden finanzéieren, en essentielle Bestanddeel vun hirer Walkampfaarbecht duerstellt, mécht et dach méi wéi dräivéierel vun der Wahrnehmung op der Place public aus.

Et ass ausserdeem ganz einfach falsch, wann Dir um RTL Radio sot, datt eis Partei et net fir noutwenneg fonnt huet, bei dëse Verhandlungen dobäi ze sinn. D’Pirate goufen net emol invitéiert. Dës weideren ass och Äer Ausso falsch, datt kee benodeelegt wier well d’Spillreegele jo fir all d’Parteie gëllen. Falsch, well net all Partei esou en héige Budget huet fir ë.ä. 100 Groussflächen an 200 Daachstänneren anzesetzen, an net all Partei mat bekannte Gesiichter wéi ehemoleg Ministeren an amtéiernd Deputéiert an d’Renne start. Doriwwer eraus hunn e puer Parteien e Budget, deen et hinnen erlabt, zousätzlech Werbezäit op de Fernseh- a Radiostadiounen ze kafen, wat hinnen en zousätzleche Virdeel verschaaft.

Eis ass dann och gëschter d’Informatioun vun engem Verhandlungsteilnehmer zougedroe ginn, datt während de Verhandlungen vum Walkampfaccord, déi just ënnert verschidde Parteien am Geheime stattfond hunn, Stëmmen opkomm sinn, datt Dir dës Walkampfartikelen, eis resp. de Parteien verbidde sollt.

Ech wéilt Iech dofir folgend Froen stellen:

  1. 1. Ass Äer Entscheedung, dëst Walkampfmëttel ze verbidden, duerch den Walkampfaccord vun de 5 gréisste Parteien inspiréiert?
    1. 1.Wa jo, entsprécht et der Wouerrecht, datt Dir iwwert de Verhandlungsdelegéierte vun Äerer Partei esou Suggestiounen oder Fuerderungen aus dem Kreess vun dëse Verhandlungen kritt hutt ?
    2. 2. Wa Neen, op welcher Grondlag baséiert Äer Entscheedung, dëst Verbued de Parteien opzeerleeen, wuelwëssend, datt dës Decisioun verschidde Parteie méi benodeelegt wéi anerer?
  2. 2. Fannt Dir et ugemiess, all d’Parteien zum Anhaale vu (verschiddene) Konditiounen aus engem Walkampfaccord ze zwéngen, egal ob dës bei dësem fräiwëllege Accord matgewierkt an/oder ënnerschriwwen hunn?
  3. 3. Gëtt et d’Méiglechkeet nach, nodréiglech eng Autorisatioun fir dëst Werbemëttel ze kréien, sou datt fir all d’Parteien déi selwescht Reegelen wéi fir d’Chamberwalen am Oktober 2013 gëllen?

 

Mat frëndleche Gréiss,

Andy Maar,
Generalsekretär vun der Piratepartei Lëtzebuerg


Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>

Dëst kéint Dech och interesséieren:

Vertrau kengem Walspot – informéier Dech!