Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Donneschden: Vote iwwer Netzneutralitéit am EU-Parlament – Gëff elo aktiv!

Netzneutralitéit bedeit, datt all Datepak um Internet gläich behandelt muss ginn, onofhängeg vum Ofsender, Empfänger, Service oder Tariff. All Ofwäichung vun dësem Prinzip muss noutwenneg, proportional, virleefeg, zilgeriicht, transparent an am Aklang mat de Gesetzer a Regelunge sinn. D’Netzneutralitéit ass de Leetprinzip vun engem oppenen a fräien Internet. Si ass fundamental, fir den Internet als innovativ Plattform fir all d’Mënschen ze erhalen.
Obwuel d’EU-Kommissioun versprach huet d’Netzneutralitéit endlech gesetzlech ofzesécheren, versicht si mat hirer Propose fir eng Veruerdnung vill méi dëse Prinzip ofzeschafen. Wann s Du net aktiv gëss an dem EU-Parlament hëllefs den Text ze verbessere wäerte mir geschwënn en Internet hunn, dee vill méi wéi Kabelfernseh ass, bei dem d’Netzbedreiwer déi total Kontroll iwwert d’Inhalter hunn a souguer fir bestëmmte Servicer, wéi sozial Netzwierker oder Streamingservicer wéi Youtube zousätzlech Fraise verlaange kënnen.
Mir brauchen Deng Hëllef fir d’Deputéiert ze iwwerzeegen, datt si den Oppenen a Fräien Internet schütze mussen! Mir ruffen Dech dowéinst dozou op opmannst de 6 lëtzebuergeschen Europadeputéierten dës oder eng ähnlech Mail ze schécken.

Madame/Monsieur [NUMM],

Den 3. Abrëll, also dësen Donneschden, wäerten d’Europadeputéiert iwwert d’Propose fir en „Telecom Single Market“ ofstëmmen. Domadder läit d’Schicksal vum Oppenen a Fräien Internet an Ären Hänn.

Stëmmt w.e.g. fir d’Amendementer vun S&D, ALDE, de Gréngen and GUE! Dës Changementer sinn onerlässlech fir den Oppenen Internet an Europa, deen hëlleft Aarbechtsplazen, Innovatioun an Diversitéit online ze creéieren.

Ech froen Iech als Bierger fir déi netzneutralitéitsfrëndlech Amendementer an der Plenière ze stëmme fir esou sécher ze stellen datt den Internet eng Plattform bleift, wou Innovatioun a Competitioun kënne stattfannen.

D’Europäescht Parlament huet an de leschte Joren ëmmer rëm gefuerdert fir d’Netzneutralitéit gesetzlech ze verankeren. D’Deputéiert sollten elo dës eenzegaarteg Méiglechkeet notzen an esou déi dynameschsten a gestaltereschsten Erfindung aus eiser Zäit schützen.

Stëmmt fir d’Netzneutralitéit den 3. Abrëll!
Stëmmt fir d’Amendementer 234-246!

Mat de beschte Gréiss,
DÄIN NUMM

D’E-Mail-Adresse vun de Lëtzebuergeschen Europadeputéierte sinn:
Georges Bach (CSV): georges.bach@europarl.europa.eu
Frank Engel (CSV): frank.engel@europarl.europa.eu
Astrid Lulling (CSV): astrid.lulling@europarl.europa.eu
Robert Goebbels (LSAP): robert.goebbels@europarl.europa.eu
Charles Goerens (DP): charles.goerens@europarl.europa.eu
Claude Turmes (Déi Gréng): claude.turmes@europarl.europa.eu

Wann s Du nach méi wëlls maachen, da rode mir Dir der dës Aktiounssäit vu verschiddenen NGOs unzekucken: http://savetheinternet.eu/de/ 1

Villmools Merci!

Show 1 footnote

  1. Vun dëser Säit hu mir och den Text vun der Mail hir.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>

Dëst kéint Dech och interesséieren:

Vertrau kengem Walspot – informéier Dech!