Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

One Minute in Silence – Manifestatioun

Muer um Freideg ginn d’Olympesch Wanterspiller am russesche Sotschi offiziell ageweit. Wéi dir wësst, stoung Russland an de leschte Wochen a Méint wéint massive Verletzungen vun de Mënscherechter zolitt an der Kritik.
Well den IOC an och sou munche Staats- oder Regierungschef et verpasst huet, kloer Positioun a Saachen “universell Mënscherechter” a Richtung vun der russescher Regierung ze bezéihen, bedeelegt sech d’Piratepartei souwéi d’Jonk Piraten um Aktiounsbündnis #GayFolksMovement. Fir eis solidaresch mat den Affer vum diskriminéiernde Gesetz an der russescher Föderatioun ze weisen, ruffe mir all eis Memberen op, sech dem Protest unzeschléissen an un enger offizieller Schweigeminutt deelzehuelen.

Mir, souwéi och déi aner Bündnispartner, treffen eis dofir muer um 16:45 virun der russescher Ambassde zu Dummeldeng, wou mir dann och déi Schweigeminutt ofhalen. Dëst Aktioun, ënnert dem Titel “One Minute in Silence” wäert a ville Stied op der ganzer Welt zäitgläich mat der Erëffnung vun de Spiller zu Sotschi stattfannen.

Maacht iech siichtbar, gitt fuerweg! Drot entweder eng Guy Fawkes-Mask op fierwt äer Aaebraen blo a molt iech e rouden Guy Fawkes-Schnurres. Selbstverständlech sinn Schëlder, Transparenter a Fändelen och gäer gesinn.

Weider Informatiounen fannt dir hei: http://www.rosa-letzebuerg.lu/?p=1175


Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>

Dëst kéint Dech och interesséieren:

Vertrau kengem Walspot – informéier Dech!