Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Newsletter no der Kongresswoch

Dëst ass e kuerze Resumé vun deem wat de 24. November zu Briddel an den 29. November zu Féitz esou decidéiert gouf.

Landeskongress 2013-3

D’Haaptuleies vum Landeskongress de 24. November war et, en neien Nationalpräsidium ze wielen. Hei bleift festzehalen, datt de Kongress sech dozou entscheed huet, mat sou zimlech de selweschte Leit wéi am Joer virdru weider ze fueren. Just den Hubert Schumacher ass aus beruffleche Grënn nemei ugetrueden an gouf mam Myriam Grandgenet ersat. Do dernieft gouf 1 vun insgesamt 4 einfach Comitésmembere an de Generalsekretär ëmbenannt. Domadder gesäit den neien Nationalpräsidium esou aus:

  • President: Sven Clement
  • Vizepresident: Marc Goergen
  • Generalsekretär: Andy Maar
  • Trésorier: Claude Feltgen
  • Weider Präsidiumsmemberen: Myriam Grandgenet, René Schmit, Pierrot Bis

No der Wal vun engem neien Präsidium, huet sech de Landeskongress nach domadder befaasst, de Manifesto an d’Statutten vun der Europäescher Piratepartei, déi am Mäerz 2014 zu Bréissel gegrënnt soll ginn, ze ratifizéieren. Däitsch Iwwersetzunge vun dësen Texter: Manifesto; Statutten

De komplette Rapport vum Landeskongress kann een am Wiki noliesen: http://wiki.piratepartei.lu/wiki/Landeskongress_2013-3:Protokoll
Di aktuell Statutten kann een sech hei ukucken: http://wiki.piratepartei.lu/wiki/Satzung

Bezierkskongresser

Nach um Sonnde virum Landeskongress waren nach direkt 2 Bezierkskongresser. Nämlech déi vum Zentrum an Norden. Och hei goufen nei Comitéë gewielt.

Am Zentrum setzt sech de Bezierkscomité esou zesummen:

  • President: Pit Wenkin
  • Vizepresident: Alain Knaff
  • Sekretär: Tom König
  • Trésorier: Pierrot Bis
  • Weidere Comitésmember: Carlo Di Giambattista

An am Norden esou:

  • President: Ben Allard
  • Vizepresident: Philippe Backes
  • Sekretär: Roy Baumann
  • Trésorière: Michèle ‘Lala’ Stiefer
  • Weider Comitésmemberen: Andy Maar, Olivier Huberty

Freides, den 29. November war dann nach de Bezierkskongress Süden, wou folgenden Comité gewielt gouf:

  • President: Jules Weber
  • Vizepresident: Christian Reding
  • Sekretärin: Hortense Fasbinder
  • Trésorier: Steve Pomponio
  • Weider Comitésmemberen: David Litt, Camille Liesch, Marc Goergen, Jorg Willekens, Libor Chmelik

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>

Dëst kéint Dech och interesséieren:

Vertrau kengem Walspot – informéier Dech!