Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Merci fir 2,94%

D’ Walen si riwwer, an déi ustrengend Walcampagne huet sech gelount. Am Norde konnt d’Piratepartei dat bescht Resultat präsentéiere mat duerchschnëttlech 3,37%. An der Gemeng Kiischpelt hu mer souguer en absolute Spëtzewert vu 6,87% erreecht! De Spëtzekandidat Andy Maar an den zweeten op eiser Lëscht, de Ben Allard, konnten zesummen 3355 Kandidate-Stëmmen abréngen, mä och sämtlech aner Kandidaten hunn e gudde Score vu meeschtens iwwer 1000 Stëmmen erreecht.
 
Am Osten war d’Erausfuerderung méi grouss, mä och do hu mer se bezwongen a mat 2,69% méi Prozenter ergattert, wei erwaard. Hei war d’Top-Gemeng Duelem mat 4,14%, mä och an der gréisserer Gemeng Réimech kënne mer eis mat engem Resultat vun 3,41% blécke loossen!
 
Am Zentrum as et fir d’Pirate mat 2,72% zwar leider net fir ee Sëtz duergaang, mä och do hu mer eis gutt iwwer Waasser gehal mat Top-Wäerter vu 4,76% zu Béiwen/Attert oder 4,01% an der Fiels. Och hei konnt de Spëtzekandidat a Parteipresident Sven Clement vill Stëmme sammelen.
 
Letztendlech hu mer am Bezierk Süden e Sëtz ëm en hallwe Prozent verfeelt, hunn awer mat 3,03% e Resultat verbucht, op dat mer houfreg kënne sinn. An der Piraten-Héichbuerg zu Péiteng ass dobäi e Score vu 4,42% erauskomm! Och an enger weiderer Gemeng, zu Rëmeleng, hu mer déi 4% geknackt.
 
Alles an allem kann ee vun engem zefriddestellende Walresultat schwätzen. Eist Ziel, an all Bezierk d’2%-Hürd ze bezwéngen, hu mer souguer iwwertraff an eis domat de Wee opgemaach fir d’Piratepartei weider ze etabléieren. Ausserdeem si mer déi stäerksten ausserparlamentaresch Kraaft mat national gesinn 2,94%. Dëst konnte mer just erreeche mat Hëllef vu jidderengem, deen eis seng Stëmm ginn huet, eis finanziell ënnerstëtzt huet oder sech aktiv un eiser Walcampagne bedeelegt huet – en décke Merci u jiddereen!


Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>

Dëst kéint Dech och interesséieren:

Vertrau kengem Walspot – informéier Dech!