Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Newsletter Juni

Piratepartei regional a lokal!

An deene leschte Wochen an Deeg ass vill a Saache ‘Strukturen’ bei de Pirate geschitt. Dat Meescht dovunner ass iwwer Social Media (Twitter, Facebook) an eis Mailingslëschte gaangen. Dësen Text iwwer nei Bezierker am Osten an Zentrum an iwwer d’Méiglechkeet vu Sektiounen soll Iwwersiicht schafen, sou dass jiddereen um Lafende bleiwe kann: http://piratepartei.lu/?p=2291

Aarbechtsgruppen

Eis Aarbechtsgruppe fänken och sou lues u mat schaffen.

D’AG Mobilitéit wäert sech de 5. Juli ab 18:30 am Independant Café an der Stad treffen. E Pad wou Iddie gesammelt gi gëtt et awer schonns, an zwar hei: http://lux.piratepad.eu/108

Dogéint hat sech d’AG Demokratie den 8. Juni schonns fir d’éischt getraff. E Rapport vun deem Treffe fënnt sech hei.
En Doodle fir den Datum vum nächsten Treffen ze bestëmmen ass hei.

GAYMAT a Buedbidderennen!

Samschdes, de 14. Juli sinn direkt zwee Evenementer, wou mir Pirate präsent wäerte sinn. Op der enger Säit ass zu Esch/Uelzecht de GAYMAT. Dëst alljährlecht Event wollt ursprénglech op d’Rechter vun der LGBT-Communautéit (engl. Ofkierzung fir Lesbian, Gay, Bisexual und Trans) zu Lëtzebuerg opmierksam maachen, ass awer mëttlerweil zu engem Fest vun engem viruerteelsfräien an respektvolle Matenaner ginn. D’Pirate wäerte Samschdes do e Stand hunn an iwwer eis an eise Programm informéieren. Wien mathëllefe wëll, soll an dëse Pad kucken: http://lux.piratepad.eu/113
Méi Informatiounen zum GAYMAT gëtt et um offizielle Website: http://gaymat.lu

Dann gëtt et deen Dag awer och nach e sougenannt Buedbidderennen zu Réimech am Hafen! Och hei brauche mer nach e puer Leit, déi eis hëllefen dës Course ze gewannen! Wien méi Informatioune wëll, soll an dëse Pad kucken: http://lux.piratepad.eu/Buedbiddenrennen
Mir freeën eis elo schonns op di vill Symbolfotoen!

Präsidiumssëtzungen National & Süden

E Méindeg, den 2. Juli wäerten zu Esch/Uelzecht am Café Le Pirate den Nationalpräsidium an de Comité vum Bezierk Süden tagen. Den Nationalpräsidium wäert ab 17:30 Auer hir Sëtzung ofhalen. De momentanen Agenda vun dëser Sëtzung fënns de hei: http://lux.piratepad.eu/agenda

De Bezierkscomité Süden dogéint wäert hir alleréischt Sëtzung hunn, an dat ab 19:30 Auer!

Eis Sëtzunge si wéi ëmmer ëffentlech, wann s de also Loscht hues nozelauschteren oder matzediskutéieren, bass de häerzlechst invitéiert!

Nächst Stammdëscher

D’Stammdëscher sinn eng perfekt Geleeënheet fir Piraten aus Denger Regioun perséinlech kennenzeléiren. Komm also eng Kéier laanscht an diskutéier mat eis!

Osten

Neierdéngs gëtt et elo endlech och e Stammdësch am Oste vum Land. All 4. Sonndeg am Mount wäerten am Café Jolly Roger zu Waasserbëlleg ab 7 Auer Piraten iwwer aktuell Themen diskutéieren. Dat nächst Treffen ass also den 22. Juli.

Zentrum

Den nächste Stammdësch am Zentrum wäert den 8. Juli um 7 Auer am Scott’s Pub am Gronn an der Stad sinn. Den Zentrums-Stammdësch fënnt all 2. Sonnden am Mount statt.

Süden

Am Süden treffen sech d’Piraten di nächste Kéier de 4. Juli um 7 Auer am Urban Belval zu Esch/Belval. De Süd-Stammdësch ass all 4. am Mount op der selwechter Plaz.

Norden

De Nord-Stammdësch fënnt all 20. vum Mount am Pourquoi Pas ab 7 Auer zu Ettelbréck statt. Den nächsten ass also den 20. Juli!


Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>

Dëst kéint Dech och interesséieren:

Vertrau kengem Walspot – informéier Dech!