Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Piratepartei: “D’CSV, de Fändel am Wand bei ACTA!”

De Virstouss vun den CSV-Europadeputéierten an der CSJ, den ëmstriddenen internationalen Traité ACTA nei verhandelen ze wëllen, kommentéiert de Sven Clement, President vun der Piratepartei Lëtzebuerg:
“Et ass dach méi wéi verwonnerlech, dass sech d’CSV op eemol fir eng Neiverhandlung vun ACTA ausschwätzt, wou sech dach laut eegener Ausso ‘näischt ännere géing’, sollt ACTA a Kraaft trieden. Nach méi schlëmm un den Aussoe vum Frank Engel, Europadeputéierte vun der CSV an dem Serge Wilmes, Deputéierten a Virsëtzende vun der CSJ ass allerdéngs, dass sech d’CSV nach ëmmer net eeschthaft mam Thema ausenaner gesat huet, mä hir Meenung wéi e Fändel am Wand duerno ausriicht, wéi grad d’Majoritéitsverhältnisser am EU Parlament sinn. ACTA ass en internationaalt Ofkommes, wat iwwer Joren ewech hanner zouenen Diere verhandelt gouf – eng Neiverhandlung kënnt schonns alleng aus prozeduraler Siicht net a Fro!
Amplaz sech hanner Geriichter ze verstoppen, kéinten d’CSV Deputéiert ganz einfach géint ACTA virgoen: D’Ofkommes oflehnen!”

D’CSV an d’LSAP hunn an der Chamber géint de Stopp vun ACTA gestëmmt. D’EU Parlament stëmmt an e puer Wochen iwwert den Traité of. Nëmme mat engem klore Nee! kann ACTA gestoppt ginn. Dowéinst ënnerstëtzt d’Piratepartei d’Demonstratioun géint ACTA den 9. Juni 2012. [www.stopacta.lu].


Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>

Dëst kéint Dech och interesséieren:

Vertrau kengem Walspot – informéier Dech!