Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Piraten aus Länner vun der ganzer Welt treffen sech zur Konferenz vun der ‘Pirate Parties International’ 2012 zu Prag

De Weekend vum 14. a 15. Abrëll verwandelt sech Prag an d’Haaptstaadt vun de Pirateparteien. Vertrieder aus méi wéi 20 Länner treffen sech fir d’Generalversammlung vun der Daachorganisatioun vun de Pirateparteien (PPI) an der tschechescher Republik.

De Sven Clement an de Jerry Weyer wäerten d’Piratepartei Lëtzebuerg zu Prag vertrieden. De Jerry Weyer, Co-Virsetzenden vun 2010 bis 2011 dozou: “D’Piraten sinn eng international Beweegung. D’Pirate Parties International Konferenz beweist, dass et weltwäit e Verlaangen no méi Demokratie, Biergerbedeelegung, Transparenz an dem Austauschen vu Wëssen a Kultur gëtt.”

D’Lëtzebuerger Piraten wäerten sech un der zweedeeglaanger Konferenz virun allem mat den Themen vun enger europäescher Piratepartei an der weltwäiter Vernetzung vun de Campagnen géint ACTA beschäftegen.


Komplett Pressematdeelung vun der Pirate Parties International:

De Weekend vum 14. a 15. Abrëll verwandelt sech Prag an d’Haaptstaadt vun de Pirateparteien. Vertrieder aus méi wéi 20 Länner treffen sech fir d’Generalversammlung vun der Daachorganisatioun vun de Pirateparteien (PPI) an der tschechescher Republik.

Während dëser Konferenz wäert d’Generalversammlung – héchst Organ vun der PPI – iwwert d’Opnahm vun neie Memberen décidéieren, en neie Comité wielen souwéi och Statutenännerungen diskutéieren an ofstëmmen. Zousätzlech wäerte parallel Diskussiounen a Planungen iwwert d’Entstoen vun enger europäescher Piratepartei stattfannen.

Den Ivan Bartos, Virsëtzenden vun der organiséierender tschechescher Piratepartei, seet: “Dëst Treffe ass eent vun deene wichtegsten am ganze Joer. Mir sinn houfreg dorops, dass mir et zu Prag dierfen organiséieren. Piraten aus der ganzer Welt hunn d’Méiglechkeet d’Erausfuerderungen vum 21. Jorhonnert unzeschwätzen fir déi aner politesch Parteien, déi nëmmen an der analoger Welt liewen, keng Äntwert fanne wäerten.”

D’Highlights vun der Konferenz si Rieden vum

  • Amelia Andersdotter (Deputéiert am Europaparlament fir déi schwedesch Piratepartei)
  • Laurence Vandewalle (Politesch Beroderin am Europaparlament fir déi Gréng/EFA-Fraktioun)
  • Cory Doctorow (Schrëftsteller, Blogger, Journalist, Mitherausgeber vu Boing Boing a bekannten Urheberrechtskritiker)
  • Fabio Reinhardt (Piraten-Deputéierten am Berliner Abgeordnetenhaus)
  • Rick Falkvinge (Grënner vun der éischter Piratepartei a Schweden)

“D’Piratebeweegung wiest rasant – de Moment existéieren Pirateparteien a baal 50 Länner weltwäit. D’Pirateparteien sinn méi wéi nëmmen national politesch Akteuren, mir sinn eng global, politesch a sozial Beweegung!”, seet Lola Voronina, Geschäftsführerin vun der PPI. “D’PPI Konferenz 2012 ass déi perfekt Méiglechkeet fir zukünfteg international Campagnen virzebereeden a piratesch Iddien auszetauschen. Net fir näischt heescht et – ‘Sharing is caring!’”

Fir Interesséierter gëtt et d’Méiglechkeet d’PPI Konferenz via Livestream ze verfolgen.
D’Pressemataarbeschter sinn häerzlechst dozou agelueden an der Konferenz deelzehuelen. Weg mellt Iech ënnert folgendem Link un (ënnert der Gliederung weg “Press” uginn): https://ppiga.pirati.cz/de:start Den Zäitplang a méi Informatiounen iwwert d’Konferenz sinn hei ze fannen: http://int.piratenpartei.de/PPI_Conference_2012

Fir weider Froen iwwert d’PPI Konferenz 2012 kënnt der folgend Leit kontaktéieren
Lola Voronina, Geschäftsführerin, Piratepartei International, +420 608 504 570
Mikulas Ferjencik, Vize-Präsident, Tschechesch Piratepartei, +420 737 943 770


D’Pirate Parties International (PPI) ass eng Netregierungsorganisatioun (NGO), déi sech zum Zil gesat huet en Netz tëscht den eenzelne Pirateparteien ze spaanen, fir e besseren Austausch, schnell Hëllef a gemeinsam Aktiounen ze erméiglechen. Offiziel gegrënnt gouf d’PPI während der Konferenz zu Bréissel (16.-18. Abrëll 2010).

http://www.pp-international.net/


Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>

Dëst kéint Dech och interesséieren:

Vertrau kengem Walspot – informéier Dech!