Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Zum 26. Abrëll, Dag vum “geeschtege Besetz”: “Et gëtt kee geeschtege Besetz, Herr Krecké!”

Zum “Dag vum geeschtege Besetz” erënnert d’Piratepartei dorunner, dass weder de Begrëff “geeschtege Besetz”, nach déi aktuell Gesetzleslag vum Urheber-, Patent- a Markerecht nach zäitgeméiss sinn. Déi vun der Regierung organiséierten Evenementer weisen, dass de Wirtschaftsministère nach ëmmer net an der Realitéit ukomm ass a verstanen huet, dass Gedanken an Iddie kengem gehéiere kennen a Wëssen a Kultur gedeelt, kopéiert a verbreet gehéiert.

Den “Dag vum geeschtege Besetz” de 26. Abrëll 2011 hellt de Wirtschafts- a Bildungsministere zum Ulass a ganz Lëtzebuerg “Sensibiliséirungskampagnen” zum sougenannten “geeschtege Besetz” ofzehalen. Déi geluede Gäscht 1, esou wéi d’Titel vun den Evenementer weisen, dass sech de Wirtschaftsministere nach ëmmer net den Tatsaache gestallt huet an unerkennt, dass den aktuelle System honderem de “geeschtege” Besetz veraalt ass an dréngend eng Reform brauch. Domadder verschléift de Minister Krecké d’Erkenntnis, déi net nëmmen vill Experten nieft der Piratepartei deelen 2, mais esou guer schon beim Generaldirekter vun der Weltorganisatioun fir geeschtege Besetz 3 ukomm ass: d’digital Revolutioun erfuerdert nei Reegelen an net en krampfhaft Festhalen un veraalten Iddien aus dem 18. Jorhonnert!

D’Piratepartei fuerdert de Wirtschaftsministere op den Dag vum “geeschtege Besetz” als Ulass zu huele fir déi aktuell Gesetzeslag ze hannerfroen. “Et dierf net illegal sinn mat Frënn Musik ze tauschen oder en Remix vu sengem Liiblingslidd ze erstellen. Béides ass haut zu Lëtzebuerg eng Strofdot! 4“, seet de Jerry Weyer, Vizepresident vun der Piratepartei Lëtzebuerg. Nieft den Problemer mam Urheberrecht gëtt et och genuch Reformbedarf beim Marken- a Patentrecht. “Staatlech Monopolen op Wierder, Planzen an Déieren oder Software ze verdeelen ass eng Onsitt!”, sou de Jerry Weyer weider. “D’Unerkennung vu Patenter a Markennimm muss staark ageschränkt gi fir d’Monopoliséierung vum Allgemenggutt ze verhënneren!”

Mais et ginn net nëmme politesch Awänn géint en onbegrenzte Recht op “geeschtege Besetz”. Wirtschaftlech profitéieren nëmmen déi grouss Entreprisë vun der strenger Gesetzeslag. “Beim Patent- a Markerecht sinn déi kleng bis mëttelstänneg Firmen d’Verleirer vun der aktueller Rechtslag, déi et besonnesch schwéier hunn néi Marchéën ze ereeschen”, sou de Jerry Weyer. “Et wier also och am Interessi vum Wirtschaftsministere endlech d’Realitéit unzeerkennen: et gëtt kee geeschtege Besetz, Herr Krecké!”

Show 4 footnotes

  1. z.B. Office de la propriété intellectuelle, Office Benelux de la Propriété Intellectuelle (OBPI), Luxembourg Organisation for Reproduction Rights (luxorr), Société des auteurs, compositeurs et éditeurs de musique (SACEM Luxembourg) – http://www.luxinnovation.lu/site/content/FR/400/C8117/
  2. Liste mit Studien zum Urheberrecht: http://www.laquadrature.net/wiki/Etudes_sur_le_partage_de_fichiers
  3. http://www.numerama.com/magazine/18414-l-ompi-voit-le-parti-pirate-comme-une-incitation-a-changer-le-droit-d-auteur.html
  4. Genauere Angaben zur gesetzlichen Lage das Urheberrecht betreffend sind hier zu finden: http://wiki.piratepartei.lu/images/c/c6/Report-Filesharingin_Luxemburg.pdf

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>

Dëst kéint Dech och interesséieren:

Vertrau kengem Walspot – informéier Dech!