Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

D’europäesch Politik muss aus dem Brexit-Vote séier seng Léieren zéien

"Mir sinn net frou iwwer de britesche Vote géint d'Europäesch Unioun, et muss een awer elo domadder liewen an dat Bescht draus maachen.", sou de Sven Clement, vun der Piratepartei an enger éischte Reaktioun op de Brexit-Vote. D'Pirate setzen sech säit hirer Grënnung fir en Europa ouni Grenzen an, en Europa wat elo riskéiert ze zerbrieche wann net direkt a konsequent géigegesteiert gëtt. All d'Parteien, déi vum europäesche Projet iwwerzeegt sinn, an d'Piratepartei ass dat absolut, musse verstoe wat d'Stonn geschloen ... D’europäesch Politik muss aus dem Brexit-Vote séier seng Léieren zéien weiderliesen

Mam Staatstrojaner a Richtung Iwwerwaachungsstaat!

Nodeems de Staatsrot hir Bedenken un der Onlineiwwerwaachung vun verdächtege Bierger a Form vun engem sougenannten Staatstrojaner duerch de SREL geäussert huet, huet haut um Donneschdeg d’Chamber mat enger grousser Majoritéit d’Reform vum lëtzebuergesche Geheimdéngscht ugeholl.

D’Piratepartei weist sech déif bestierzt iwwert de Choix vun de lëtzebuergeschen Volleksvertrieder, fir mat Texter, déi zu engem groussen Deel duerch Terrorattacken an eise Nopeschlänner séier iwwert de Knéi gebrach goufen, dem SREL nei Outilen ze ginn, déi plazeweis absolut keng onofhängeg Kontroll virgesinn. Do dernieft ass néierens konkret definéiert, wat dës Outilen fir Méiglechkeeten erlabe sollen.

“Den Text iwwert Geheimdéngschtreform ass a senger Quintessenz näischt aneres wéi e Placebo, deen d’Bevëlkerung berouege soll”, seet den Sven CLEMENT, Präsident vun der Piratepartei Lëtzebuerg. “Besonnesch bedenklech ass et, de SREL elo mat esou vill Muecht auszestatten, an dat nodeems dës Regierung et sech op de Fändel geschriwwen hat, fir dat staark ugeschloent Vertrauen an dësen Déngscht nees opzebauen an d’Land aus der rechtsstaatlecher Kris ze féieren.”

D’Piratepartei stellt fest, datt no den Neiwalen déi nei Verantwortlech tatsächlech einfach nees zur Dagesuerdnung iwwergaange sinn. “Grad vun enger Blo-Rout-Grénger-Regierung, wou virun allem déi Gréng sech als Verdeedeger vu Privatsphär a Grondrechter duergestallt hunn, ass een iwwert dëse Virstouss béiss enttäuscht. Outilen wéi Staatstrojaner, mat deem een zum Beispill d’Webcam op engem Laptop aktivéieren, Gespréicher op Skype matschneiden an digital Beweiser fälsche kann, sinn e weidere Schratt a Richtung Iwwerwaachungsstaat!”, seet de Sven CLEMENT.

Generell sollt ee vill méi déi national Geheimdéngschter a Fro stellen, am Plaz  dës mat zousätzleche Pouvoiren auszestatten. “Och wann Europa am Ament eng intern Solidaritéitskris huet, sou brauche mir keng feindlech Attacken vun eisen Noperen ze fäerten”, seet den Andy MAAR, Generalsekretär vun der Piratepartei. “Mir sollten onbedéngt ufänken, europäesch Aufgaben do zesummenzeleeën wou se Sënn maachen.”


Schluss mam Urheberrechts-Bësch!

Den 23. Abrëll ass den Weltdag vum Buch a vum Urheberrecht. A während dëst e gudde Moment ass, fir de Schmocker aus dem Regal ze huelen an dran ze liesen, ass et och de richtege Moment, dat aktuellt Urheberrecht ze hannerfroen.

D’Urheberrecht war eigentlech als eng Ënnerstëtzung a Schutzmoossnam fir Kënschtler geduecht. Leider gëtt et haut oft esou ugewannt, datt et Kreativitéit ënnerdréckt. „Et ass net am Sënn vum Kënschtler, datt seng Wierker aus Urheberrechts-Grënn net méi verfügbar sinn an domadder enger breeder Ëffentlechkeet enthale bleiwen”, sou d’Lucie Kunakova, Präsidentin vum Bezierk Zentrum vun der Piratepartei. Bei digitale Formater ginn och Technologien agesat, déi d’Benotzer staark an hirem Ëmgang mam Wierk behënnere kënnen. „Wann Amazon engem e Buch vum e-Reader läsche kann, well et eng Onkloerheet beim Urheberrecht gëtt, dann ass den Alpdram bis op eemol Realitéit!”, ergänzt d’Lucie Kunakova.

Dobäi kënnt och nach, datt et an der EU 28 verschidden Urheberrechts-Reegelunge ginn – All mat hiren eegene Besonnechkeeten! „D’Komplexitéit vum Urheberrecht schreckt vill Kënschtler of! Eng Reform muss dat vereinfachen!”,erklärt den Sven Wohl, Vizepresident vun der Piratepartei, a weider: „En Europa ouni Grenzen däerf ganz genau een eenzegt Urheberrecht kennen!”

D’Piratepartei fuerdert, datt d’Reform vum Urheberrecht, déi op EU-Niveau komme soll, endlech viru kennt! Säit 2014 léisst des vum Günther Oettinger grouss ugekënnegt Reform schonns op sech waarden. Nëmmen duerch e modernt an europawäit Urheberrecht kënne mer och zukünftege Generatiounen ee méiglechst liichten Zougang zu Konscht a Kultur bidden. Eng Reform kann do net fréi genuch kommen!


Vertrau kengem Walspot – informéier Dech!